Impressiounen vum Anger Fest Vol.4 zugonschten vun SOS Kannerduerf Lëtzebuerg.

Hei e puer Impressioune vum Anger Festival Vol 4, deen de Samschden an der Kulturfabrik zu Esch stattfonnt huet. D'Entréeën an déi gesammelt Spillsaache kommen SOS Kannerduerf Lëtzebuerg ze gutt.

Villmools Merci fir de spektakuläre Concert an d'Sammelaktioun.


SOS Kannerduerf Lëtzebuerg war vertrueden duerch säi Generaldirekter Jean-Paul Karpen.