Scheckiwwerreechung bei Projetsdag vun der ENAD

D‘Schülerinnen a Schüler vun der Klass 5BA1 vun der Ecole Nationale pour Adultes (ENAD) op Esch-Belval hunn am Kader vun der schoulinterner Initiative "Léieren duerch Engagement" vun Dezember bis Abrëll fläisseg Spende fir d’Fondatioun Kriibskrank Kanner gesammelt. Si hunn dofir net nëmme fläisseg gebak – mee och am Viraus eng Kommunikatiouns- a Marketingstrategie entwéckelt. Si waren dobäi ganz erfollegräich – all Cheesecake, Cinnamon Rolls a Čupavcis si bis op déi läscht Grimmel an de Schoulpausen verkaf ginn.


Wärend dem Projetsdag vun der ENAD den 23. Mee huet d’Fondatioun sech mat engem Informatiounsstand virgestallt a vill Schülerinnen a Schülern hunn sech dobäi iwwer Kannerkriibs an d’Fondatioun informéiere kennen. Bei der Geleeënheet hunn d’SchülerInnen vun der 5BA1 de Vertriederinne vun der Fondatioun de Scheck iwwer 250€ iwwerreecht.


Mat hirer Aktioun wollten si e Bäitrag leeschte fir d’Fondatioun bei hirem Asaz fir kriibskrank Kanner an hir Familljen z’ënnerstëtzen. Wärend der schwéierer Zäit no der Kriibsdiagnose steet d’Fondatioun de Familljen a villen Beräicher zur Säit, sief et finanziell, administrativ, psychologesch, pädagogesch oder och am Alldag.


Wann och dir de Kampf géint de Kannerkriibs vun der Fondatioun Kriibskrank Kanner ënnerstëtze wëllt, kennt dir dës mat engem Don op de Kont LU17 0028 1408 4840 0000 maachen.