10 Joer ASA Asbl


Wéi mir den 11.Abrëll 2011 d’Asa gegrënnt hu, hate mir den Dram, all Joer een Assistenzhond ze finanzéieren.

Wa mir elo kucken wat mir an 10 Joer geschafft an erreecht hu, kenne mir mat Recht houfreg sinn:

mir hu bis zum heitigen Dag parrainéiert:

67 Assistenzhënn

49 zukünfteg Assistenzhënn

onzieleg Stonnen Déiere-gestëtzt Therapie

12 Deeg Formatioun fir d’Référenten

Mir si ganz staark am Benevolat: säit 2018 hu mir mat eisen 4 Assistenzhënn méi wéi

1000 Déiere-gestëtzt Interventiounen geméit. Covid huet eis 2020 natierlech an eisen Aktivitéiten gebremst!

Mir besichen reegelméisseg Foyer de Jour a maachen och Hausbesuch bei schwéierkranken Kanner.

Fir d’Kanner ze sensibiliséieren, hu mir méi wéi 200 Presentatiounen mat den Assistenzhënn an de Schoulen geméit.

Zesumme mat ganz ville Privatleit, Schoulen, Gemengen, Firmen asw sinn ongeféier 500 Tonnen Plastiksstëpp gesammelt gi fir esou bis elo aacht Honn ze finanzéieren.

Eis Assistenzhënn schaffen an Alters- a Fleegeheemer, Schoulen, bei der Jugend- an Drogenhëllef,

an Foyer de Jour fir Leit mat Demenz oder kierperlecher Aschränkung, bei Kanner mat kierperlecher a géischtiger Aschränkung.

Mir soen all eisen Donateuren an all déne Leit déi eis Aktioun “e Stopp fir e Mupp” ënnerstëtzen é grousse Merci, ouni Iech wär dat alles net méiglech!

Mir zielen och weiderhin op är Hëllef fir dass mir och an Zukunft hëllefe kennen.

www.asa-asbl.lu .