e Stopp fir e Mupp

Eng solidaresch Aktioun fir Assistenzhonn ze finanzéieren an duerch Recycling vu Plastik d’Ëmwelt ze schützen: eng Tonn Plastikstepp ass glaich eng Tonn Grondressourcen, Pëtrol.

D’Stëpp gi gewäsch a geschreddert an sinn dann e vollwäertegt Granulat.

D’Granulat gëtt ageschmolt an weider verschafft zu Gaardemiwwel, Parechoc, Poubellen asw.

D’Aktioun huet 2009 ugefaange, mam Ziel een Assistenzhond ze finanzéieren. En ausgebilten Hond kascht 17.000€. Mer sammelen iwwert 50 Tonnen Stepp pro Joer an finanzéieren esou all Joer en Hond. Am Ganzen hu mir bis elo 8 Honn mat der Aktioun parrainéiert, d.H ca 500 Tonnen Stëpp si gesammelt gi. D’Honn schaffen an Alters- a Fleegeheimer, an Foyer de Jour an an der Schoul.

D’Aktioun ass mëttlerweil am ganzen Land bekannt. Eis Partner si vun Ufank un Hein Déchêts an Valorlux.

Ganz vill Privatleit, Schoulen, Firmen an Institutiounen sammelen anzwëschen mat vill Asatz a bréngen Stëpp op een vun eisen Sammelpunkten, mir hunn der méi wéi 50, inklusiv 28 Gemengen .Et fennt én d’Lëscht um Site: www.asa-asbl.lu

Vun dësen Sammelpunkten gin d’Stëpp bei den Hein bruecht, vu wou se weidergeleet gin an de Recycling.

Den Hein stellt eis zwéi Container, inklusiv eidel maachen, gratis zur Verfügung.

D’Ofrechnung mat Valorlux baséiert op der Statistik vun Hein Déchêts. Valorlux bezuelt der Asa 300€ pro Tonn ofgeliwwert Stëpp.

Ugeholl:

Stëpp aus mëllem Plastik: Polythylene High Density: Mineralwaasser, Mëllech, Jus asw.

Refüséiert:

Stëpp, Deckel aus haardem faarwegen Plastik, Deckel vun Margarine asw.

Deckel vun Hunneg an Nutella sin ok, wann den Kartong erausgeholl gëtt.

D’Aktioun ass e groussen Erfolleg an lëft onbegrenzt weider.

D’Sammelen ass den Eenzelen e klenge Geste deen eng grouss Wierkung huet.

D’Assistenzhonn leeschten eng super Aarbecht a maachen vill Leit glécklech.

Maach einfach mat!!

weider Infoen um Site: www.asa-asbl.lu