Generalversammlung Asa Asbl

Amicale vun der Schoul fir Assistenzhonn – Asa Asbl

Generalversammlung vum 18.06.2021

No der Begréissung vun de Gäscht duerch den Präsident, Dr D. Nash , é Réckbléck op 10 Joer Asa asbl .

D’Associatioun huet an deenen 10 Joer 67 Assistenzhonn, 49 zukünfteg Assistenzhonn, onzieleg Déiere-gestëtzten Therapiestonnen an 12 Formatiounen fir d’Référenten vun den Assistenzhonn bezuelt.

Am Joer 2020, konnten 8 Assistenzhonn an 6 zukünfteg Assistenzhonn parrainéiert gin, trotz Covid.

Un Aarbecht huet et net geféilt.

Den Aktivitéitsbericht ass redigéiert a virgedroen gi vun der Sekretärin, Nelly Nash.

3 Scheckiwwerreechungen

9 Demoen an Schoulen, Maisons Relais etc

4 Deeg Formation continue fir d’Référenten vun den Assistenzhonn.

Dréi Memberen hunn iwwert d’Joer 38 bénévol Interventiounen an der Médiation animale an 49 Hausbesucher mat Assistenzhonn geméit .

D’Finanzen vun der Associatioun si gesond an esou kennen och 2021 schéin Projet’en realiséiert gin.

Zwee Memberen aus dem Comité hunn demissionéiert an zwé neier si bei koum.

Am Comité sinn elo: Bordang Magali, Didier Martine, Hoffmann Kristina, Kerg Tatiana, Nash Dennis, Nash Nelly, Prost Bea, Prost André an Walisch Jasmine.

Déi ganzen Rapport fënnt een op eisem Internet Site www.asa-asbl.lu