Don vun de Kanner vu Tarchamps

Samschdeg den 20.ten Januar wor zou Tarchamps an der Kierch eng net alldeeglech Mass.

An et wor och en net alldeeglechen Kierchegänger do, den Owy, en Assistenzhond vun der Asa.

D’Kanner vum Duerf haten an der Adventszäit ganz léif Saache gebastelt. Sie hunn déi um Chrëschtmaart verkaaft fir e gudden Zweck. Sie haten als Associatioun d’Asa, Amicale vun der Schoul fir Assistenzhonn erausgesicht. Sie hunn den ganzen Erléis vu 500€ gespent an d’Nelly Nash an den Owy hunn de Scheck no der Mass entgéint geholl.

D’Nelly huet de Kanner e grousse Merci gesot an de Wee vun engem Assistenzhond a senger Aarbecht erkläert.

Den Owy ass vun de Kanner ganz vill geheemelt ginn, krut vill Leckerlien an huet sech doriwwer gefreet.

Bei engem gudde Stéck Kuch ass nach vill iwwert déi super Assistenzhënn an hir Aarbecht geschwat gin.