Scheckiwwerreechung Gemeng Wentger


Aus den bekannten Grënn war et och dëst Joer schwéier fir en Sportsdag ze organiséieren.

Dofir hat den Aarbechtsgrupp Sport vun der Gemeng Wentger sich eng Aktioun iwwerluecht un där jiddereen konnt deel huelen: eleng, mat Frënn, an der Famill.

An zwar an der Woch vum 31.05.-05.06. souvill Kilometeren wéi méiglech ze sammelen: zu Fouss, lafen, Inliner, mam Vëlo.

Fotoen mat dem "Beweis" wéi vill Kilometer gesammelt goufen, sinn era geschéckt gi, als Screenshot vun enger App, dem Stand vum Schrittzähler um Handy asw.

An et si vill Kilometeren zesumme koum: zu Fouss 3146.41 km, mam Vëlo 3.362.83 km

Esou kruten d’ASA asbl an Le Soleil dans la Main , déi Beneficiaire vun der Aktioun waren, den 2.Dezember e Scheck vu jeeweils 2.400€ iwwerreecht.

Merci un all Eenzelen deen bei der Aktioun matgemaach huet!