D’Kanner vu Stackem spenden hir “Klibber-Suen” un d’Asa

Wéi all Joer sinn si och dëst Joer d’Kanner vu Stackem klibbere gaangen.

Si hunn domadder ënnert anerem Sue gesammelt déi si awer net fir sech behale wollten.

Si hu beschloss dass des Suen fir d’Asa sollten sinn. Si hu ganz houfreg virun Kuerzem eng Enveloppe iwwerräicht, mat 200€ dran. Den Exi an den Lions, zwéi Assistenzhonn , hunn hinnen e bëssen gewisen, wat esou een Hond alles kann.

D’Asa finanzéiert Assistenzhonn a brauch fir een Hond kennen ze parrainéieren 17.000€.

Grousse Merci un d’Kanner vu Stackem!