D’Kanner vum Cycle 1 an 2 aus der Grondschoul vu Stengefort spenden un d’ASA


Den Kürbismaart vum Cycle 1 an 2 aus der Grondschoul vu Stengefort ass schonn eng Traditioun. Hei kennen d’Elteren,d’Frënn an d’Awunner de Kanner hir Kreatioune bewonneren an kafen.

En Erléis vum Maart ass ëmmer fir e gudden Zweck. D’Kanner waren ganz houfreg, viru Kuerzem e Scheck vun 4.850€ kennen un d’Nelly Nash vun der ASA ze iwwerreechen.

Dësen generéisen Don gouf mat engem grousse Merci entgéint geholl an dem Verspriechen, dass d’Assistenzhonn d’Kanner an d’Klass besiche kommen. Ganz kurz sinn d’ ASA Projeten vun 2020 virgestallt gi, mat der Versécherung dass d’Geld gutt ugeluecht gëtt.