Den Escher Hondsveräin ennerstetzt d'ASA

Den 29.ten September hat den Escher Hondsveräin , ewéi all Joër ,op den Dag vum Hond invitéiert.

Dese Veräin, dén 1913 gegrënnt gouf, ass den eelsten Hondsveräin aus dem Land.

Déi Verantwortlech hun sech zum Ziel gesât, enner Anerem

d’Relatioun tëschent Hond a Mënsch ze verbesseren, an de Mensch ze léieren, säin Hond besser ze verstoen.

All Joër organiséiert de Club eng Muppewanderung wou e klengt Startgeld ze entriichten ass. Déi Suen déi dobäi gesammelt gin, gi fir en gudden Zweck gespend.

Dëst Joer wor d’Asa Asbl de Bénéficaire vun desem Don.

No enger kuurzer Viirstellung vun der Associatioun an der Arbecht vun den Assistenzhonn, huet d’Madame Kaiser vum Hondsveräin eng Enveloppe a Leckerlien fir d’Honn an Mënsch iwwerréicht.

Et wor fir jidderén é schéinen Dag trotz dem schlechte Wieder.