Masken fir e gudden Zweck

Dass mir wéinst dem Corona mussen Masken undoen huet och seng gutt Säiten.

Vill Leit hu Masken gebitzt, an dat bénévol, an esou derzou bäigedroen, dass Jiddereen säin speziellen “Modell” konnt fannen.

Och d’Marion Watry war ganz fläisseg. Hat huet seng schéin Masken

gratis ewech gi, huet awer d’Leit gefrot, en Don fir d’Asa asbl ze machen.

Als eehemoleg famille d’accueil fir déi zukünfteg Assistenzhënn, an eehemoligen Member vum Comité, léit d’Associatioun dem Marion ganz besonnesch um Häerz.

Duerch seng Aarbecht an Asatz sin am Ganzen 1005 € u Spenden zesummekoum.

E groussen Merci un d’Marion an un all déi Leit déi en Don geméit hu.