Scheckiwwerreechung un d’ASA um Bio Haff Witry


Den Emir war vill méi wéi just en brongen Labrador. Den Emir wor den Ambassadeur fir ASA an Handi’Chiens fir vill Joren. Hien hat eng Handi’Chiens Ausbildung an huet mam Marion zesummen ganz vill a wäertvoll Aarbecht geleescht.

A sengem beschten Alter ass hien leider vergëft ginn.

Den Emir gëtt net vergiess, duerfir suergen déi zukünfteg Assistenzhonn Pascha an Opal.

D’Marion hat en Opruff geméit fir Suen ze sammelen fir den Pascha kennen ze parrainéieren, a seng Famill a Frenn hu gespent. Am ganzen sinn 1.600€ zesumme koum.

Awer och d’Caroline vum Biohaff Witry huet op Cadoen fir säin Gebuertsdag verzicht an esou 1020€ gesammelt fir den Opal ze parrainéieren, als Erënnerung un den Emir.

Zesummen mat Frënn a Bekannten hunn déi Verantwortlech vun der ASA zwéi Schecken entgéint geholl. E Grousse Merci hirersäits un all déi Leit déi een Don geméit hunn.