Véier nei Assistenzhonn vun der ASA


Eng haart Woch Aarbecht, verbonnen mat villen Emotiounen ass Viru Kuerzem zu Enn gaangen.

D’Référenten déi an d’Formatioun Handi’Chiens op Kunheim waren, hunn hiren theoreteschen a prakteschen Examen mat Bravour gepackt.

Elo kennen 4 Assistenzhonn hir wäertvoll Aarbecht untrieden an villen Leit é glécklecht Laachen an d’Gesiicht zauberen.

An dat sin: den Matrix mam Bruna, si schaffen bénévol fir d’Asa bei der Apemh zou Mondorf, bei Päiperlék zou Schengen, maachen Eenzelbetreiung bei engem klengen Jong an nach vill aner schéin Interventioune.

Dann den Muscat mam Verena am Foyer de Jour vun der Ala zou Dommeldeng, d’Miss mam Tessy am Maredoc zou Héischdref an d’Nala mam Nadine, Jessica an Mike an der Seniorie zou Contern.

E grousse Merci un all Donateuren déi duerch hir generéis Spenden dat alles méiglech maachen.