Generalversammlung Lënster Bicherclub Luxemburgensia

De Lënster Bicherclub Luxemburgensia war frou, eng ganz Rei vu Memberen op der Generalversammlung begréissen ze kënnen. Am Kader vun deser Versammlung sinn Don'en vun am ganzen 5 000 € gemaach. Dovunner gin 2500 € un de General Patton Memorial Museum zu Ettelbréck, an 2500 € un de Musée National d'Histoire Militaire vun Dikrech gaangen. 
Fir dëst Joer sinn e.a. dës Aktivitéite virgesinn: de Bicherbuttek ass all Mëttwochs op vu 17 bis 19 Auer an all éischte Sonndeg am Mount vun 14.00 bis 17 Auer; de grousse Bicherverkaaf as muer de Sonndeg den 26. Juni am Bicherbuttek zu Eschweiler vun 10.00 bis 17.00 Auer, wou ennert anerem een Extrastand mat 5000 Bicher zu 1 € de kilo verkaaf get; den traditionelle Bicherbazar as wéi all Joer am "Centre Polyvalent Gaston Stein" de 04. Dezember vun 10 bis 17. Auer. Derzou kommen d'Participatiounen um Lënster Maart souwéi op de Walfer Bicherdeeg, an op esou munch anere Bichermäert.
Merci all deenen déi gehollef hunn, dëst Resultat méiglech ze maachen, duerch hir Don'e vu Bicher, oder hiren Asaz beim Verkaf vu Bicher am Bicherbuttek zu Eschweiler, op de Walfer Bicherdeeg an op anere Bichermäert.
D'Adress vum Bicherbuttek zu ass: 5, rue de l'Ecole, L-6169 Eschweiler.