Lënster Bicherclub Luxemburgensia - Réckbleck op en erfollegräicht Joer

E Freideg den 18. Mee huet sech de Lënster Bicherclub Luxemburgensia um 19.30 am Centre Polyvalent Gaston Stein zu Jonglënster zesumme fonnt, fir seng Assemblée Générale. No der Begréissung duerch de President den Här Sergio Di Paoli huet d'Sekretärin Mme Madeleine Jaeger e Réckbleck op en erfollegräicht Joer gemaach. D'Tresoriere Mme Carole Jegen huet e positive Keeserapport präsentéiert.

Dëst Joer goung een Don vun 2000 Euro un d'Mierscher Lieshaus an der Präsenz vun der Mme Angelika Bräutigam, een 2ten Don vun 2000 € ass un d'Steftung Lëtzebuerg Air Rescue iwwerreecht ginn, an der Präsenz vum Här Daniel Martin. Een Don vun 500 € goung un den Télévie.

Och dest Joer sin erem Aktivitéien geplangt ennert anerem de grousse Bicherverkaf fir 1 € de Kilo, Samsdeg, den 30. Juni am Haff vum Bicherbuttek zu Eschweiler an de Bicherbazar, Sonndeg, den 3. Dezember am Centre Polyvalent Gaston Stein zu Jonglënster.

De Bicherbuttek vum Lënster Bicherclub Luxemburgensia huet all mëttwochs tëschent 17 an 19 Auer op, an den éischten Sonndeg am Mount vu 14 bis 17 Auer. Hei kann een Bicher zu engem faire Präis kafen oder och ofginn, den Erléiss vum Verkaf ass fir e gudden Zweck.


Weider Informatiounen:

Lënster Bicherclub Luxemburgensia, 5 rue de l’Ecole zu Eschweiler

www.bicherclub.lu oder um facebook ënnert Lenster Bicherclub Luxemburgensia