3 Scheckiwerrechnungen vum Lënster Bicherclub Luxemburgensia

E Samschdeg den 18. Mäerz huet sech de Lënster Bicherclub Luxemburgensia vun 14.00 bis 17.00 Auer zu Eescheler (Jonglënster) zesumme fonnt, fir hier grouss Porte Ouverte am Bicherbuttek. Dest am Zesummehang vun den néien Ouverturszäiten an dem Réamenagement vum Bicherbuttek


No der Begréissung duerch de President dem Här Anicet Schmit huet de Lënster Bicherclub Luxemburgensia dräi Don’n vun jeeweils 3000 Euro un den Télévie, een 2ten Don vun 3000 € un de Musée Thillenvogtei vun Rindschleiden an een 3ten Don un d'Ecole fondamenale - Lënster Grondschoul Iwwerrescht.


Och dëst Joer sinn erëm Aktivitéiten geplangt ënnert anerem de grousse Bicherverkaf fir 1 € de Kilo, Samschdeg, den 13. Mee an dem 9. September am Haff vum Bicherbuttek zu Eschweiler an de Bicherbazar, Sonndeg, den 3. Dezember am Centre Polyvalent Gaston Stein zu Jonglënster.


De Bicherbuttek vum Lënster Bicherclub Luxemburgensia huet all samschdeg tëschent 14 an 17 Auer op. Hei kann een Bicher zu engem faire Präis kafen oder och ofginn, den Erléiss vum Verkaf ass fir e gudden Zweck.


Weider Informatiounen:

Lënster Bicherclub Luxemburgensia, 5 rue de l’Ecole zu Eschweiler

www.bicherclub.lu oder um facebook ënnert Lenster Bicherclub Luxemburgensia