De Bicherbazar zu Jonglënster

De Lënster Bicherclub LUXEMBURGENSIA a.s.b.l. organiséiert, dese Sonndeg, den 3. Dezember vun 10h00 bis 16h00 am Centre Polyvalent Gaston Stein zu Jonglënster sei grousse Bicherbazar.

Hei fannt Dir gebrauchten, antik a vergraffe Bicher vun all Zort a verschidde Sproochen (Luxemburgensia, Romaner, klassesch Literatur, Konschtbicher, Fachbicher, Kachbicher, Kannerbicher, Schoulbicher, asw.), Filmplakater, Gravuren a.sw. virun allem awer Luxemburgensia. Eng 100 Dëscher voll Bicher waarden op Iech!


Mat derbäi d‘Auteuren: Jean Marie Backes, Raymond Boon; Georges Haas an Renée Reding. D‘Associatioun Luxracines an de Privaten Deiereschutz asbl.


Fir Iessen an drénken ass gesuergt.