4. Lënster Bicherbazar

De Lënster Bicherclub LUXEMBURGENSIA a.s.b.l. organiséiert
e Sonndeg, den 30. Juni vun 10h00 bis 17h00 am Centre Polyvalent Gaston Stein
zu Jonglënster sei grousse Bicherbazar.

Hei fannt Dir gebrauchten, antik a vergraffe Bicher vun all Zort (Romaner, klassesch Literatur, Konschtbicher, Fachbicher, Encyclopedien, Lexika, Atlassen, Kachbicher, Kannerbicher, Bibelen, Gebietsbicher, Schoulbicher, asw.), virun allem awer Luxemburgensia. Bal 100 Dëscher voll Bicher waarden op Iech!

Fir Iessen an drénken ass gesuergt.