Konveniat vun den Ackerbauschüler 1953-1955

Viru Kuerzem haten sech d’Klassekomeroden aus de Joren 1953-1955 vun

der Akerbauschoul fir hiren traditionelle Konveniat zu Ettelbréck am Restaurant Lanners getraff.

Et war eng grouss Freed fir sech erëmzegesinn a gläich koum och gutt Laun op.

Bei engem ganz gudde Menü iwwer Dësch goufen déi al Erënnerungen an déi

aktuell Theme wéi d'Gesondheet, d’Pensiounsliewen, d’Reesen, d’Zesummeliewen an der Famill an d’Roll als Bopa duerchgeschwaat.

Mir waren déi Generatioun, déi mat Hänn, Verstand a logeschem Denke schwéier geschafft huet. Mir hunn ouni Computer, ouni Handy op eisen Häff geschafft. Mir hu festgestallt, dass mir de Fortschrëtt an d’Entwécklung vun deenen elektronesch vollgepaakte Landmaschine ganz matkritt hunn. Gläich no der Schoul hunn eng Partie Komeroden an anere Beruffer eng Aarbecht fonnt.

Een Thema, wat dominant war: Wéi geet et mat der Gesondheet? Waars Du och an d’Vakanz? Wat sen deng Hobbyen a kleng Leidenschaften? Z.B D’Kanner an d’Enkelkanner erliewen.

All hu mir festgestallt: Gesondheet, Zefriddenheet, schéi Momenter erliewen,

an dat mat iwwer 80 Joer ass eng Chance Saach!

Beim Heemgoe ware mir eis alleguerten eens: Haut war e schéinen Dag an

d’Schoulzäit war och eng schéin Zäit.

Komm, mir gin eis erëm Rendezvous fir dat nächst Joer!

Dëse Konveniat gouf organiséiert vum Urbain Muller.

Text a Foto: Urbain Muller