Musikalesche Besuch op der Uesweller Kiermes

D'Wölësser an Eesber Sängerfrënn hun op Aluedung vun der Chorale réunie Rouspert-Uesweller d'Kiermesmass zu Uesweller gesongen. Uschléissend hunn sech déi zwee Veräiner bei engem gemeinsame Patt getraff. No engem gudde Kiermesmenü zu Hinkel am Kulturhaff Millermoler stung eng interessant Visite vu Ramborn zu Bur um Programm an huet d'Rees op d'Ennersauer ofgeschloss.