Konveniat vun der Ackerbausschoul

Ettelbréck. Op Initiativ vum Urbain Muller, Fernand Nothum a Fernand Pax hunn sech no zwee Joer Coronazäit d’Kolleege vun der Ackerbauschoul aus de Joren 1953-1955 zu Ettelbréck am Restaurant Lanners erëmgesinn.

1953 war Lëtzebuerg en Agrarland. Et war bal eng Flicht als Jong vum Land an d’Ackerbauschoul ze goen.

Beim Moie soe gouf klar, wéi d’Zäit vergeet, ma esou eng Komerodschaft, déi op der Schoulbänk ugefaang huet, hält e Liewe laang. Leider war nees festzestellen, dass d’Zuel um Konveniat ofhëlt, d’Ursaach ass bekannt. Mir waren déi Generatioun, déi nach vill Handaarbecht huet misste maachen, kee Computer, keng Digitaliséierung, kee „Mister Google“. Mat vill Fläiss, Kompetenz a mat vill Léift zur Natur a Léift zu den Dieren hu mir dee schéine Beruff Landwirtschaft gemaach.

E Konveniat ass d’Geleeënheet fir an de villen Erennerungen ze bliederen. D'Schullerzäit war en schinn Zäit. (Weess de nach???) De gréisste Wonsch, dee mir 80-Järeg hun, ass Zefriddenheet bei gudder Gesondheet a nach schéi Momenter an der Famill. Beim Äddi soen hu mir alleguer gewënscht, eis an engem Joer erëm ze gesinn. Text a Foto Urbain Muller.