Konveniat vun den Ackerbauschüler 1953-1955

Op Initiative vum Urbain Muller, Erny Pletschette a Fernand Hemes haten sech dëst Joer d'Komerode vun der Ackerbauschoul aus de Joren 1953-1955 an der Brideler Stuff erëmgesinn.

Beim "Moie soen" hu mir all gesot "Wéi d'Zäit vergeet", awer esou eng Komerodschaft hält e liewelaang. Nom lestegen Aperitif koum och déi kollegial Stëmmung op.

Bei engem ganz gudde Mëttegiesse gouf un déi schéin Anekdoten aus der Schoulzäit erënnert, iwwert d' aktiv Beruffsliewen, d' Familljeliewen, d'Liewen als Pensionär oder als "Bopa" geschwat.

Beim Äddi soen hu mir eis all gewënscht a gehofft, d'nächst Joer nach bei gudder Gesondheet erëm op dem Konveniat 2020 ze sinn.