Cäciliendag bei der Chorale réunie Rouspert-Ueswëller

D’Fest vun der helleger Cäcilia, der Schutzpatréinesch vu Musek a Gesang, gouf mat enger feierlecher Mass an der Rousperter Kierch gefeiert. No der Cäciliemass, zelebréiert vum Här Paschtouer Luc Schreiner a feierlech gesong vun der Chorale réunie Rouspert-Ueswëller ënnert der Direktioun vum Tom Osborne a begleet op der Uergel vun der Organistin Véronique Feltes, goufen et verschidden Éierungen vun tréie Membere fir hier joerzéngtelaang Verdéngschter als Sänger, Dirigent an Organist. Sou krut den Éierendirigent Gérard Feltes d’Medaille Chevalier de l’ordre du mérite du grand-Duché de Luxembourg, den Éirenorganist Fons Ries d’Medaille Chevalier de l’Ordre Grand-Ducal de la Couronne de Chêne, den Urbain Muller, Vic Stein, Roland Ritz a Jules Fandel d’Medaille en vermeil de l’Ordre Grand-Ducal de la Couronne de Chêne an den Henri Zeimetz d’Medaille Officier de l‘ordre de Mérite. Eng besonnesch Freed an Éier war et der Presidentin Véronique Feltes fir hirem Organistekolleeg Fons Ries, deen no 60 Joer a seng wuelverdéngte musikalesch Pensioun gaang ass, eng passend Auer mat Gravure am Numm vum ganze Veräin ze iwwerreechen. Uschléissend un d’Wieder vun der Presidentin huet den Här Paschtouer Luc Schreiner dem Här Ries eng faarweg Holzstatue vun der Helleger Cäcilia am Numm vun der ganzer Par iwwerreecht an a senger Ried e grousse Merci a Vergelt‘s Gott ausgesprach. Bei engem gudde Maufel a gemittlecher Atmosphär sen des virbildlech Jubilare besonnesch gefeiert ginn an et goufen e puer flotter Stonnen zesumme verbruecht.