Concert Cantemus Domino online


Léif Uergelfrënn,

Wéint der Pandemie war et d’lescht Joër nit méiglech ee geplangten Concert mam serbeschen Organist Zoltán Borbély (Frënd vum Carlo Hommel) a senger Fra Réka Miklós, Kiirchemusikerin, Musikspädagogin an Expertin fir den gregorianeschen Choral, ze realiséiren. Mir freeën eis, datt mir lo awer een Ersatzconcert iwwer dëse Wee veröffentlechen kënnen. Mir lueden eech ganz häerzlech zu dësem online-Concert um Laetare-Sonndeg an. Den Concert kënnt dir eech op folgendem link unhéiren:

https://youtu.be/KVKmdaDmgYE

Mir wënschen eech vill Freed dobäi

D'Feelener Uergelfrënn