E flotte Geste vum Dammenkeeleclub an den Nidderfeelener Jongen


3 500 Euro fir den gudden Zweck weidergin

Feelen: Zënter ronn 40 Joer besteet den Dammenkeeleclub Feelen, e Grupp vun 7 Dammen, déi all 14 Deeg zesumme kommen fir Keelen ze spillen. Si sin eng lëschteg Equippe an E Mol am Joer organiséieren si zesummen den traditionellen Dickelchersbal am Hennesbau, den ëmmer ganz groussen Erfolleg huet. Dat sin och di eenezeg Einnahmen, déi den Keeleclub vu Feelen am Joer hun. Spontan ass d’Iddi komm, fir mol eppes fir den gudden Zweck ze spenden. Niewt dem Erléis op de Verkaafsstänn op den Téléviedeeg zu Mäerzeg an Hëlperknapp, wou zesummen 1 600 Euro integral fir Télévie gespend gi sin, koum et viru kuurzem zu enger weider Scheckiwerreechung am Festsaal vun der Gemeng Feelen. Noodeems dat d’Sekretärin Ginette Goerens hire Keeleclub mat hiren Aktivitéien kurz virgestallt hat, huet d’Bianca Breyer Merci gesoot fir de Scheck vun 1 000 Euro den fir d’Vereenegung „Staerekanner“ hiren Zweck erfëllt. E weidere Scheck vun 1 000 Euro huet den Jos Even fir „ALAN- maladies rares “ gaeren entgéint geholl. Fir den 1 000 Euro- Scheck huet d’Margot Heirendt, Direktiounsbeoptragt vun „Fondation Cancer“ sech bedankt , grad esou och fir de Scheck vun 500 Euro vun den Nidderfeelener Jongen. Noddeems dat di verschidden Scheckempfänger hir jeweilig Vereenegung mat hiren Aktivitéiten kuurz virgestallt an och erklärt hun, wéi dess Suen wirkungsvoll agesaat gin, ass dess schéi Feier bei engem gemittliche Patt a flotter Atmosphäre op en Ënn gaangen. (CR) (Foto: Charles Reiser)