Buttek Mosaïk iwwerreecht 12.664 € un d'ONG „Action pour un Monde Uni“

Enn Mäerz huet de Buttek Mosaïk offiziell e Chèque vun 12.664 € un d’ONG « Action pour un Monde Uni » iwwerreecht.

De Buttek Mosaïk ass eng kleng Epicerie zu Fëlschdref, mat lokalen a saisonalen Produiten, déi ganz fir de gudden Zweck schafft. D’Léit déi hei am Asaz sinn schaffen all benevole, wat erméiglecht dass de Benefice vum Buttek Mosaïk kann integral gespent ginn. Am September 2019 huet de Buttek Mosaïk seng Dieren opgemaach an säitdeem kann een mëttwochs owes (17h-19h30) an samschdes moies (9h-12h) hei seng Akeef maachen. Ganz vill lëtzebuergesch a biologesch Produiten fënnt een hei, vill dovunner och en vrac oder mat ëmweltfrëndlecher Verpackung.

2020 konnt de Buttek Mosaïk esou 12.664 € sammelen a weiderginn un d’ONG „Action pour un Monde Uni“ (www.amu.lu). D’ONG, déi mat Hëllef vum Ausseministère verschidden Projeten ënnerstëtzt, setzt dësen Don op verschiddenen Plazen an:  

10.864 € sinn fir e Projet zur Stäerkung a Professionaliséierung vun lokalen ONGen an Argentinien a Bolivien.

1.200 € ginn fir d’Affer vun den Explosiounen zu Beirut am Libanon gespent.

600 € sinn fir d’Ënnerstëtzung vu Wittfraen a Weesekanner an Indien.

De Buttek Mosaïk an d’Action pour un Monde Uni soen deenen villen Benevollen an Clienten villmools Merci dass si dës schéin Spend erméiglecht hunn.