Buttek Mosaïk spent 7.200 € fir d’Ukrain un d’ONG « Action pour un Monde Uni »

D’Situatioun an der Ukrain huet och d’Equipe vum Buttek Mosaïk zu Fëlschdref vun Ufank un vill beschäftegt, a séier stoung fest dass d’Epicerie déi ganz fir de gudden Zweck schafft, sech och fir d’Ukrain engagéiere wëll. Déi benevole MataarbechterInnen hunn heifir e Planning vu verschiddenen Aktivitéiten am Mäerz an Abrëll op d’Been gestallt.


Sou goufe wärend den Ëffnungszäite vum Buttek Mosaïk am Mäerz an am Abrëll Kuch verkaf fir d’Ukrain. De 26. Mäerz sinn et Paangecher an Zoppen am Haff vum Buttek ze kafe gi mam Zil Sue fir d’Ukrain ze sammelen. Schliisslech stoung den 09. an 10. Abrëll e grousst Benefiziessen am Centre Culturel zu Fëlschdref um Agenda. Lasagne a Blummentombola waren hei um Programm fir de gudden Zweck.


Dës Aktiounen hunn dem Buttek Mosaïk et erméiglecht déi schéin Zomm vu 7.200 € un d’ONG « Action pour un Monde Uni » ze spende fir d’Ukrain. Déi lëtzebuergesch ONG mat Sëtz zu Fëlschdref ënnerstëtzt mat dësem Don d’Fokolarbewegung (chrëschtlech international Organisatioun) an de Nopeschlänner vun der Ukrain (Polen, Rumänien, Slowakei a Moldawien).

Dës Länner si mat enger enormer Flüchtlingswell konfrontéiert. Et gëtt alles gemaach fir d’Familljen, déi d’Ukrain verlooss hunn, bescht méiglechst an den Nopeschlänner opzehuelen an ze hëllefen. Nieft dem Empfang vun de Leit ginn hinne Liewensmëttel, Schlofgeleeënheeten an dat néidegst wat si brauchen ugebueden.


De Buttek Mosaïk an d’Action pour un Monde Uni soen all deene fläissege fräiwëllege MataarbechterInnen villmools Merci déi dës schéi Spend erméiglecht hunn.


De Buttek Mosaïk ass ëmmer Mëttwochs (17h00-19h30) a Samschdes (09h00-12h00) op. Jidderee schafft benevole an de gesamte Benefice gëtt fir de gudden Zweck gespent.