Scheckiwwerreechung vu 17.500 € vun der “Horizon asbl”

Am Dezember 2022 sinn, am Kader vun der Generalversammlung vun der “Kleederstuff” vu Kayl an dem “Cercle Intercommunautaire du Kayldall”, d’Aktivitéiten an d’Konte vun 2021 virgestallt ginn. De Bilan konnt sech weise loossen.


"Kleederstuff" vu Kayl ass eng sozial Aktioun, där hir Missioun et ass, Leit am Besoin ze ënnerstëtzen. D'Haaptaktivitéit ass de Verkaf vu gebrauchte Kleeder zu immens soziale Präisser. Et läit de Responsabele vun der Kleederstuff um Häerz, dass jiddereen d’Méiglechkeet huet, an der Kleederstuff anzekafen. De Cercle intercommunautaire wëll eng Verbindung tëschent verschidde Communautéiten aus dem Kayldall sinn.

Béid Aktiounen, déi regroupéiert sinn ënnert der gemeinsamer "Horizon asbl", konnten duerch hier vill sozial Aktivitéiten e Chèque an der Héicht vu 17.500 € un di lëtzebuergesch ONG, “Action pour un Monde Uni “ weiderginn. Des Suen si vun der “Action pour un Monde Uni” (AMU) an der Demokratescher Republik Kongo fir e medezinesche Weiderbildungsprojet agesat ginn. D’AMU seet villmools Merci fir dës wäertvoll Ënnerstëtzung.


Mir wëlle bei dëser Geleeënheet drop hiweisen, dass, wann Dir Kleeder hutt, déi net méi an Äre Kleederschaf passen, da mellt Iech bei der Kleederstuff. Bedéngt duerch d’Präisdeierecht ass de Besoin u Kleeder zu soziale Präisser esou héich wéi ni. Kontakt: mangenmj@gmail.com, Tél. Kleederstuff 691 953 055.

Mir soen Iech Villmools Merci.