"Horizon asbl" iwwerreecht 9.000 € un d'ONG "Action pour un Monde Uni"

D’asbl Horizon setzt sech mat der „Kleederstuff Kayl“ an dem „Cercle Intercommunautaire du Kayldall“ säit 12 Joer fir de gudden Zweck an an hëlleft Leit am Besoin, dëst souwuel zu Lëtzebuerg wéi och am Ausland. Sou koume scho méi wéi 90.000 € fir de gudden Zweck zesummen, wéi d’Madamm Josée Schumann, Präsidentin vun der asbl, op der Generalversammlung den 12. November 2021 an der aaler Schungfabrick zu Téiteng erkläert.


Op der Generalversammlung gouf dann dëst Joer och e Chèque an Héischt vun 9.000 € un déi lëtzebuergesch ONG „Action pour un Monde Uni“ iwwerreecht. Wéi de Präsident Claude Metz an d’Projetsgestionnairin Jil Streber präsentéiert hunn gëtt dëse generéisen Don fir e Formatiounsprojet vu jonken Erwuessenen an der Demokratescher Republik Kongo agesat. Et handelt sech em e Projet dee vum Ausseministère kofinanzéiert gëtt. En erméiglecht et jonken Erwuessenen déi net d’Chance haten eng Ausbildung ofzeschléissen dës nozehuelen an e formelle Beruff ze fannen.


D’ONG „Action pour un Monde Uni“ seet der asbl Horizon villmools Merci fir dës wäertvoll Ënnerstëtzung.