Buttek Mosaïk iwwerreecht 44.650 € un d’ONG „Action pour un Monde Uni“

Fir säin Alldag akafen a gläichzäiteg sozial Projeten ënnerstëtzen dëst erméiglecht de Buttek Mosaïk zu Fëlschdref.


Déi lokal Epicerie, déi just mat Benevolle schafft, verkeeft Liewensmëttel, Botzproduiten an Hygiènesartikele fir den Alldag. De Benefice vum Verkaf gëtt gespent. Nieft dem fräiwëllegen Engagement gëtt heibäi vill Wäert op lokal, biologesch a saisonal Produite geluecht sou wéi op d’Reduzéierung vum Offall. Wäsch-, Botz- an Hygiènesproduite kann ee jee no Besoin „tanken“ komme mat sengen eegene Behälter déi sur place am Buttek ofgewie ginn. Och bei de Liewensmëttel kann een eng ganz Réi Saachen en vrac op d’Gewiicht akafen.


Nieft den Epiceriesartikele bitt de Buttek Mosaïk ausserdeem ofwiesselend all puer Méint lokalen Handwierker a Kënschtler d’Méiglechkeet hir Wierker am Buttek auszestellen. Och hei gëtt vum Verkaf en Deel fir de gudden Zweck gespent.


Déi aussergewéinlech Zomm vu 44.650 € déi de Buttek Mosaïk am Laf vun 2021 gesammelt huet, koum engersäits duerch de Verkaf an der Epicerie, anersäits awer och duerch d’Organisatioun vun enger Réi Evenementer wéi dem Chrëschtmaart oder dem Anniversaire zesummen.


De Chèque gouf de 5. Februar 2022 un d’ONG „Action pour un Monde Uni“ (www.amu.lu) zu Fëlschdref iwwerreecht, déi dësen Don an hirem Projet am Peru asetzt. Hei geet et drëms en Therapiezentrum fir jonk drogenofhängege Meedercher aus der Emgéigend vu Lima ze ënnerstëtzen. Ausgebaut gëtt eng Chocolaterie an där d’Meedercher net nëmmen eng Ausbildung a Beschäftegung fanne kënnen, mee déi der Organisatioun gläichzäiteg hëlleft Revenuen ze generéiere fir déi lafend Käschte vun hirem ganzen Zentrum ze decken. Dëse Projet ass kofinanzéiert vum lëtzebuergeschen Ausseministère. Ausserdeem gi 600 € vum Don agesat fir Wittfraen a Weesekanner an Indien ze ënnerstëtzen.


Opgrond vum benevollen Engagement sinn d’Ëffnungszäite vum Buttek Mosaïk méi aussergewéinlech: Mëttwochs vu 17h00 bis 19h30 a Samschdes vun 9h00 bis 12h00.

  

De Buttek Mosaïk an d’Action pour un Monde Uni soen deene ronn 30 Benevolle vum Buttek a senge ville Clientë villmools Merci dass si dës aussergewéinlech Spend erméiglecht hunn.