KONVENIAT TRM 1964 zou SCHENGEN.

Fëlschdref/Schengen.
Viru kuerzem hu sech déi fréier Zaldoten vun der TRM 1964 fir hiren Konveniat erëmgesinn.Um Programm eng "Visite Guidée" zou Schengen ënnert der Lédong vum Här Roger Weber,engem Patt offréiert vun der Gemeng Schengen an als Ofschloss Mëttegiessen am Restaurant "an der Tourelle" zou Stadbriedemes.Et gouf festgeluecht am Oktober 2016 sech am Eislek erëmzegesinn.Organiséiert ginn des Treffen schonns zënter Joere vun René Kieffer vu Fëlschdref.