D’Sophie Erpelding vun Angsber feiert hir 95 Joer

De 26. Oktober huet d'Mme Sophie Erpelding-Ries hir 95 Joer gefeiert. Si ass den 26. Oktober 1920 zu Düsseldorf als zweeteelst vun aacht Geschwëster op d'Welt komm. 1947 ass si op Lëtzebuerg gezunn an huet do zu Meesebuerg hire Mann, de Robert Erpelding, kennegeléiert.

Aus deem Bestietnes sinn dräi Kanner ervirgaang: d'Marie-Louise, d'Germaine an den Nico, een Enkelkand, d‘Nadine an een Urenkelkand, d‘Nellie. Säit dem 28. Juni 1990 ass si Wittfra.

De Schefferot aus der Gemeng Fëschbech, d'Buergermeeschtesch Marianne Brosius-Kolber an hir zwee Scheffen, d‘Simone Majerus-Schmit an de Marco Karier, hu sech et net huele gelooss, dem Sophie Erpel-ding-Ries fir hire Gebuertsdag mat engem schéine Blummenarrangement ze gratuléieren.