De Camille Kohn vu Fëschbech feiert seng 80 Joer

De 5. Oktober 1935 ass de Camille als lescht Kand vun 10 op d´Welt komm. Si waren zou 4 Jongen an 6 Meedercher. Gewunnt hunn si deemools zu Méischdref bei Waasserbëlleg.
Kennegeléiert hunn hien an d´Erika sech schonns 1948, wéi dem Erika seng Famill op Méischdref gezunn ass.
Den 1. Oktober 1958 ass hien als Gendaarm op Fëschbech versat gi bis den 22/11/1960.

Bestuet ginn d´Erika an de Camille den 18/09/1964 an kréien 2 Kanner, den Erny an den Ralph. Vun 1968 un schafft de Camille bäi der Gendarmerie Miersch, wou de Paschtouer Camille Minette him dat Joer tele-fonéiert, well hien en Organist brauch zu Fëschbech. De Camille huet sech bereet erklärt dat ze iwwerhue-len.

1992 kritt hien d´wuelverdéngte Pensioun zu Miersch. Ab dem 01/04/1992 wunnen si zu Fëschbech am ale Paschtoueschhaus.

De Camille war Grënnungsmember a vun Ufank un a méi wei 41 Joer President vum CEBA (Cercle d´Etudes sur la Bataille des Ardennes) an huet do mat vill Begeeschterung an Elan dofir gesuergt dass d´Undenken un des schwéier Zäiten an de Merci un eis deemoleg Befreier och haut nach héichgehale ginn! Ab dem 19/04/2014 ass hien Éierepresident vum CEBA op Liewenszäit.

Hien spillt haut nach d´Uergel an der Kierch zu Fëschbech bäi de Massen an all aner Geleeënheeten.

D´Redaktiounsteam schléisst sech un a wënscht dem Här Camille Kohn nach vill schéi Joeren am Krees vu senger Famill.