Journée du Grand-Age

De 9. Oktober 2016, huet eise Senioreveräin, d’Journée du Grand-Age, gefeiert. D’Presidentin Marie-Louise Haas-Erpelding huet all Memberen, Inviteeën a Jubilaren, haerzlechst begréisst.
D’Madame Buergermeeschter d‘Marianne Brosius-Kolber, huet och e puer léif Wierder un eis geriicht.
Als Generaldirektrice vum Mierscherkannerduerf huet Mme Brosius-Kolber e Viertrag gehalen iwer d’Liewen am Kannerduerf. Een intressant Thema, wat eis alleguerten zudéiwst beréiert huet. D’Virgeschicht vun eenzelne Kanner, Schicksaler, déi ganz schlëmm waren, dës Kanner hunn hei en neit Doheem fonnt.
Nom Mëttegiessen, zerwéiert vum Restaurant Steinmetz, sinn eis Jubilaren geéiert ginn. Et sinn dëst:

Fir 75 Joer: Haas John, Hess Ferdy
Fir 80 Joer: Flammang Marie-Anne, Kemp Nelly, Spiewak Maria,
Fir 81 Joer: Weyland Anne, Zenner Jos
Fir 82 Joer: Heidemann Mathilde, Holtz Hélène, Kohl Régine, Kraus Ben, Pinkers Liz, Welsch Julie
Fir 83 Joer: Albers Henk, Ernzen Eugénie, Zenner Claire
Fir 84 Joer: Hoffmann Marie-Louise
Fir 85 Joer: Bisenius Lucie, Karier Alice
Fir 86 Joer: Kemp Jeanne
Fir 87 Joer: Tholl Marguerite
Fir 88 Joer: Klemens Emely
Fir 89 Joer: Karier Jempi
Fir 95 Joer: Peters Paul
Fir 96 Joer: Erpelding Sophie