2. Stroossefest zu Groussbus

D'Gutt Noperen asbl huet bei summerlechen Temperaturen op hiert 2. Stroossefest invitéiert a vill Leit waren der Invitatioun an déi gespaarten Wéiltzerstrooss zu Groussbus nokomm. Flott Animatioun vir Grouss a Kléng stoung um Programm mat ënner anerem de Powerblechbléiser, dem Magic Luciano oder och nach dem Lisa Mariotto. Di verschidde Maartstänn hunn interessant regional Produiten zum Verkaf ugebueden an de ganzen Dag iwwer war och beschtens fir Iessen an Drénke gesuergt. Et sief nach ernimmt dat de groussen Deel vum Erléis vun dësem flotten Dag dem Télévie, an domadder der Lutte géint de Kriibs, zu gutt kéint. Di dynamesch "Gutt Noperen asbl" freet sech jiddefalls elo schonn op d'Editioun 2022, wou de Covid Check hoffentlech nitt méi néideg ass.