Aktioun Aalt Gezei zu Groussbus

D'Jugend vu Groussbus huet sech och dëst Joer erëm der traditioneller Kleedersammlung ugeholl a fläisseg Tuten zu Groussbus an zu Dellen agesammelt fir se duerno op Ettelbréck op d'Sammelplaz ze bréngen. Den Erléis vun dëser Aktioun kéint bekanntlech der Kolping Lëtzebuerg asbl zu gutt, déi domadder Projeten an der Entwécklungshëllef finanzéiert.