Alles op de Vëlo am Waarkdall

Am Kader vun der europäescher Mobilitéitswoch an dem Tour du Duerf stoung di mëttlerweil 4. Editioun vum bike4all, organiséiert vun de Gemengen Feelen, Groussbus a Mäerzeg, erëm ganz ënnert dem Motto "Alles op de Vëlo am Warkdall". Eng ganz Rei Cyclisten hunn sech d'Geleeënheet net huele gelooss bei sonnegem Wieder de Family-Tour tëscht Groussbus a Feelen oder de Protour iwwer Dellen an Ugrëff ze huelen. Eng ganz Wull vun Animatioun gouf et dann och nieft der Stréck; esou huet zu Groussbus de Self Defense Club du Nord mat senger Pasta Party fir dat leiwlicht Wuel gesuergt, dat ganzt musikalesch encadréiert vum Claude Geisen; zu Dellen war et di lokal Amicale, déi mat Iessen a Gedrénks souwéi engem Sprangschlass fir di néideg Stëmmung gesuergt huet. Enger nächster Editioun 2023 steet deemno näischt am Wee.