Communiqué / Nouthëllef Gemengen Groussbus, Wal, Mäerzeg, Viichten, Préizerdaul

Madame Buergemeeschter,

Dir Hären Buergemeeschter,

Dir Damen an Dir Hären vum Gemengerot,

Dir Damen an Dir Hären vun der Press,


Mat dësem Schreiwen wëllen mir, Suite op déi aktuell Situatioun dorop opmierksam maachen, dass d’Scouten den Mënschen an Nout wëllen hëllefen. Dësen Leit géifen mir an eisen 6 Gemengen, déi zu dem Grupp gehéieren ubidden, ënnert verschidden Virgaben déi mir hei drënner opféieren an erklären, hiren Akaf ze maachen:


· D’Scouten wäerten keng ‘Hamster-Keef’ maachen. Mir bidden eis Déngschter un fir den normalen Akaf.


· Eis Hëllef gëllt nëmmen fir:


o Leit an der Quarantän.

o Eeler Leit, déi sech net méi eraus trauen.

o Krank Leit, déi alleng net méi an d’Geschäft kommen.


· D’Scouten sinn keng Aart Ersatz-Hëllef doheem. Eisen Service ass reng geduecht fir den Leit an Nout hiren Akaf ze besuergen an heem ze bréngen.


· D’Saachen ginn akaaft, besuergt, wéi et den Fräiwëllegen méiglech ass. Et ass alleng un den Scouten, wéi d’Organisatioun ofleeft.


Folgend Punkten sinn ze beuechten:


Ø Sidd Dir an der Quarantän fënnt keen perséinlechen Kontakt mat deemjéinegen Scout statt, deen den Akaf fir Iech erleedegt. Den Ziedel mat den Saachen ass mat dem Geld an enger Täsch (Tut) virun der Dier of ze leeën. Nodeems den Akaf erleedegt ass, gëtt dësen virun Ärer Hausdier ofgeluegt.


Ø Weder den Scout an senger Persoun nach den Grupp kënnen verantwortlech gemaacht ginn fir eventuell Problemer vun egal wéi enger Natur. Et ass dëst vun Säiten vun den Scouten een humanitären Gest an enger aussergewéinlecher Situatioun. Ween sech heimat net averstanen erklären kann ass gebieden, vun eisem Service Ofstand ze huelen! Mir bieden hei fir Verständnes – mussen awer hei och eis Memberen, déi sech engagéieren, schützen.