Eng BA am Kader vun der nationaler Ba - Hëllef den Flüchtlingen

Haut hunn d’Scouten vun Groussbus enger Flüchtlingsfamilljen aus dem Irak gehollef.

Virun en puer Deeg hunn mir per Zoufall an den sozialen Medien gesinn, dass dës Famill an der Corona-Zäit Masken mécht – fir Lëtzebuerg, dat si opgeholl huet Merci ze soen! Mir hunn dunn iwwert eng Fra, déi sech an dësem Gebitt engagéiert, Kontakt opgeholl an den Grupp huet eng Rei Masken geschenkt kritt.


Ofgesinn emol dovun, dass mir den Leit een ganz groussen Merci soen hunn mir matkritt, sinn gefrot ginn, op mir dësen Leit eventuell och kinnten hëllefen. Hir Wäschmaschinn wier esou gutt wéi futti – wat verständlech ass wann een bedenkt, dass déi Maschinn – fir eis – den ganzen Dag praktesch um lafen ass.


An jo . op jidder Fall emol fir een Scout ass et nëmmen normal, dass mir eis bereet erkläert hunn, den Leit ze hëllefen – op mat oder ouni hiren Gest, deen viraus gaangen ass. Een Scout hëlleft sengem Matmënsch, een Scout ass bereet.


Mir hunn eng Demande iwwert déi sozial Netzwierker lancéiert an ech muss soen – ech war geflashed iwwert d’Bereetschaft vun den Leit fir ze hëllefen! Éierlech – esou eng Resonanz hat ech net erwaart.


An jo – ech wëll ausdrécklech engem Jidderengem een ganz, ganz groussen Merci soen!!!


Haut war et dann, wéi uewen gesot esouwäit. Mir waren Wäschmaschinn an Trockner ofhuelen mat der Remorque an hunn eis dunn op den Wee Richtung Wolz gemaacht.

Awer och hei nees eng Kéier war ech einfach nëmmen iwwerrascht. Iwwerrascht iwwert déi Freed vun där Famill, iwwert déi Frëndlechkeet an Gaaschtfrëndlechkeet.

Mir hoffen op jidder Fall, dass déi Leit nach vill an laang Zäit hir Maschinnen notzen kënnen an jo – mir hoffen, dass mir dës Welt en bëssen besser kënnen hannerloossen ewéi mir si virfonnt hunn – ganz no dem Motto vum eisem Grënner, dem B.P.