Communiqué Ouschteren

Léiwen Matbierger,


Et ass elo schonn eng ganz Zäit, dass mir zu Lëtzebuerg an dem Noutfall-Modus lafen – an deementspriechend, dass Är Scouten Iech hir Hëllef an der Situatioun ubidden.

Mir wëllen Iech hei awer dorop opmierksam maachen, dass och schonn nees Ouschteren virun der Dier steet. Fir dass mir eis en bëssen kënnen virbereeden an och organiséieren, géifen mir Iech wëllen op folgend Punkten opmierksam maachen:

Ø Mir géifen Iech frëndlechst dorëm bieden, dass Dir eis mat Zäiten Bescheed gitt, wann Dir eis Hëllef braucht fir den Ouschter-Akaf.


Ø Mir bieden Iech mat an ze berechnen, dass fir den Moment an den Geschäfter bal duerchgoend laang Schlaangen sinn – wierklech laang Schlaangen.


Ø Mir bieden Iech, bei der Beschreiwung vun Artikel esou genee wéi méiglech ze sinn.


Ø Mir maachen och dorop opmierksam, dass Artikelen deen een oder aneren Dag eventuell net do sinn – gitt eis och Bescheed w.e.g., op mir dann och kënnen een Ersatz-Artikel huelen oder op mir et dann sollen sinn loossen.


Ø Wéinst dem ‘Stuerm’, deen mir fir Ouschteren erwaarden bieden mir Iech ëm den folgenden Prozedur:


o Rufft eis den Dag virdrun un, fir dass mir Iech fir den Dag drop kënnen mat aplangen. Mir ginn Iech hei och Bescheed, ëm wéivill Auer ongeféier mir laanscht kommen.

o Bereet Ären Akafsziedel fir mat den Täschen an dem Geld.

o Wéi uewen gesot, bereet eis Ären Ziedel esou präzis et geet.

o Bereet eis och Är Suen fir.

o Mir kënnen dann den Dag no dem Telefonat laanscht, kënnen einfach Är Saachen ofhuelen an eis direkt op den Wee maachen.


Mir soen Iech Merci fir Äert Verständnes an der Saach an wëllen Iech hei nach een groussen Merci soen fir Äert Vertrauen an d’Scouten. Mir hoffen, Dir waart bis dato zefridden mat eisem Service.


Mir wënschen dann nach all Guddes, bis demnächst an mat den beschten Scoutsgréiss,


Jean-Claude Schmit

Gruppechef