#bleiftdoheem #zesummenstaark

#Bleiftdoheem #zesummenstaark #LGS #LGSGroussbus #ëmmerbereet #BA2020

D’Situatioun ass net lëschteg. Elo hunn mir schonn 3 Wochen praktesch, dass mir all un eist doheem ‘gefesselt’ sinn.

Bis virun en puer Deeg haten mir jo ‘d’Chance’, dass d’Wieder net esou gepasst huet – et ass eis alt net esou schwéier gefall, fir dëser Heem-Inhaftéierung no ze kommen (op jidder Fall deen Meeschten vun eis net). Elo awer ass se endlech do, d’Sonn. Endlech, well mer schonn esou op si gewaart hunn – an elo... kënnen mer se mol net richteg genéissen.

An deem ganzen Kontext gëtt et awer een wichtegen Aspekt, op deen mir Iech wëllen opmierksam maachen!

Bleift doheem. Et fält schwéier – ganz kloer.

- Dir musst Iech awer och bewosst sinn dass, géifen mir elo nees duerch d’Géigend lafen wéi virdrun, dann géif deen Virus och nees sech verbreeden ewéi virdrun. Dann verlängert sech dat Ganzt nëmmen nach weider – d’Infektioun mat duerno Krankheet, Verlängerung vun dem Shutdown, Verbuet fir sech ze treffen, Café an Restaurant zou....

- Dir musst Iech bewosst sinn dass Dir eventuell infizéiert gitt – Iech näischt passéiert – awer och Dir hutt Elteren, och Dir hutt Grousselteren... an jo – och Dir hutt eventuell Kanner – an och där sinn der an der Zwëschenzäit leider verstuerwen.

Bleift doheem:

· Är Scouten kommen Iech hëllefen:

o Mir ginn fir Iech akafen

o Mir ginn fir Iech op d’Post

o Mir ginn fir Iech op d’Bank (esouwäit legal méiglech)

#Bleiftdoheem #ÄertLiewengeetweider an #zesummenpakenmirdat

Et ass dëst een Message vun den Groussbuser Scouten un Iech. Un déi eeler Leit aus eiser Gesellschaft. Un d’Boma, un den Bopa, déi fir den Moment hir Enkelen net kënnen gesinn. Déi elo, an dësem Moment alleng sinn.

Et ass dëst een Message vun den Groussbuser Scouten un déi Leit, déi den Moment net kënnen eraus, well hir Gesondheet et net erlaabt. Un deen Mënsch, deen elo doheem setzt an Angscht huet sech ze infizéieren, deen Angscht huet eventuell seng lescht Deeg ze liewen.

Et ass awer dëst och een Message un déi aner. Déi, déi den Moment wéi geckeg mat dem Motorrad iwwert d’Autobunn fléien. Un déi, déi mengen elo, wou d’Stroossen méi fräi sinn kinnten si mat hirem Mercedes, hirem Audi mat 200 km/h iwwert d’Land fléien.

- Wat Dir fir den Moment Iech méi zeréck halt, wat Dir Är Enkel éischter zeréck gesitt.

- Wat Dir Iech méi zeréck halt, wat Dir éischter nees kënnt mat dem Motorrad fueren.

#LGS #LGSGroussbus #ëmmerbereet #zesummenstaark