Versammlung am Schnéi

Emol endlech nees Schnéi...

Emol endlech nees Spaass hunn...

Eemol endlech nees kënnen ganz einfach Kand sinn...

Eis Versammlung vum 16.01. hunn mir profitéiert. Vun dem Wieder. Mir waren op Randschelt an hunn eis am Schnéi amuséiert.

2 Stonnen laang Schlitt gefuer, Schnéimännercher bauen an einfach nëmmen Spaass hunn an toben kënnen – an dat Ganzt am Anhalen vun den sanitären Moossnamen.

Mir wënschen vill Spaass bei dem Kucken vun den Fotoen.