Dag vum Bam zu Groussbus

Anlässlich dem Dag vum Bam huet den Zyklus 4.1 vun der Groussbusser Grondschoul mat hirer Léierin, dem Sandy Lopes Paiva eng flott Planzaktioun am Lotissement am Lahr organiséiert. Ënnert fachmännescher Uleedung vun de Gemengenaarbechter hunn d'Schoulkanner eng Hand matugepaackt fir eng fräi Plaz am Lotissement mat enger einheimischer Heck an e puer Bierebeem ze verschéineren. De Buergermeeschter Pol Engel huet et sech dann och net huele gelooss, dëser Aktioun bäizewunnen fir dobäi alle Bedeelegten e grousse Merci säitens der Gemeng auszespriechen.