Diplomer fir Pompjeeën aus der Regioun NORD

Diplomer fir Pompjeeën aus der Regioun NORD

Elo kierzlech guffen Diplomer u Memberen aus de Pompjeescorpsen aus der Regioun NORD iwerreecht an dat am Festsall „Weiersäift“ zu Groussbus.

De Regionalpräsident Patrick Juncker huet d’Inviteeën begréisst. Ennert hinnen Vertrieder vu verschiddenen Gemengen esou wéi Memberen aus dem Regionalkomité a natierlech d’Absolventen vun de Coursen 2017 / 2018.

De Riedner huet sämtliechen Stagiären fir hier Leeschtung félicitéiert ier hien Zukunft am Rettungswiesen e besschen beliicht huet. Weiderhin huet de Patrick Juncker de Pompjeeën alles Guddes fir Zukunft an där neier Struktur, dem CGDIS gewönscht an dass jiddfereen am Corps Grand-Ducal d’Incendie et de Secours ab dem 1. Juli 2018 seng Plaz fönd.

Zesummen mam Fernando Ferreira, Regionalistrukter aus der Regioun NORD sinn dunn die eenzel Diplomer iwerreecht ginn. Folgend Diplomer sinn ausgedeelt ginn: 10 x FGA 1 ( Grondléiergang 1 ) 15 x FGA 2 ( Grondléiergang 2 ) 48 x AGT ( Otemschutzléiergang ) an 49 x ANM ( Otemschutznoutfallmanagement ). Och vum Regionalistrukter sinn Féicitatiounen un sämtlech Absolventen geriicht ginn an zesummen mam Regionalinspekter ad. Henri Scholtes kruuten die nei Otemschutzdréier dunn och hieren Sticker fir op hierem Helm unzebrengen, deen sie dann och als Otemschutzdréier ausweist.

Zum Schluss huet de Buergermeeschter vun der Gemeng Groussbus den H. Pol Engel sech de Wieder vun de Virriedner ugeschloss, de Stagiären fir hier nobel Aufgaben félicitéiert an huet dunn op den Eierewäin invitéiert.

( www.pompjeeennorden.lu)