Den amerikanischen Ambassadeur am Pompjeesmusée

Den Dënschdeg, den 10. Mai 2022 war heiche Besuch am Pompjeesmusée vum Pompjeesverband. Den amerikanischen Ambassadeur hei zu Lëtzebuerg den H. Tom Barrett war mat senge Matarbechter aus der Ambassade dem H Craig Ferguson an der Mme Christine Lugrene am Pompjeesmusée op Visite. Nodems Gäscht eng Féierung duerch de Musée mat villen Erklärungen kritt haaten, koum ee wichtegen Deel fir Ekipp vum Pompjeesmusée. Den H Tom Barrett, deen virun senge Nomminatioun als Ambassadeur zu Letzebuerg, Buergermeeschter vu Milwaukee am Staat Wisconsin war, huet dem Pompjeesmusée eng Bunkeruniform vun de Pompjeeën vu Milwaukee geschenkt. Ze soen ass och, dass vill Letzebuerger viru laanger Zäit an de wisconsin ausgewandert sinn. Ee flotte Geste fir Frëndschaft ënnert Pompjeeën och um internationalen Niveau ze gestalten. Och eng zweet Uniform ( Dress-Uniform ) wärt an de nächste Wochen de Pompjeesmusée beräicheren. Zum Oflschluss huet de Präsident vun de Frënn vum Pompjeesmusée an der Géitz, den H. Patrick Juncker dem Tom Barrett dat flott an eemoligt Bucht iwert Pompjeeën hei zu Lëtzebuerg als Merci iwerreecht. Eng Visite déi nie vergiess wärt ginn. Thank you M Tom Barrett.