Ee Musée fir de Lëtzebuerger Pompjeesverband zu Nidderwooltz!

« Pompjeesmusée an der Géitz » Preview 1. Phase

Den Donneschdeg, den 17. Januar 2018 hunn d’Initiateuren vum „Pompjeesmuséee an der Géitz“ vum Lëtzebuerger Pompjeesverband zu Nidderwooltz all hieren Sponsoren a Partner, een éischten Ableck an hier Arbechten ginn an dat no ronn 1800 Stonnen Arbecht an Eegeregie vun der Equipe.

Et war den Koordinateur Patrick Juncker, dien am Numm vun der Muséesequipe hier Gäscht begréisst huet. Niewend dem Präsident Marc Mamer an de Memberen vum CEX, waren de Buergermeeschter Frank Arndt an de Schäffen Albert Waaijenberg esou wéi bal allegueren Vertrieder vun de Firmen déi als Sponsor oder Partner aktiv dësë Projet begleeden, präsent.

Niewend engem Historik vun der Planung bis elo, verbonnen mat engem groussen MERCI, dat war de Credo vum Owend. De Wierder vum Patrick Juncker huet de Präsident Marc Mamer sech ugeschloss an huet der klenger Equipe déi dësë Musée an Liewe rifft félicitéiert fir hiere Mut an Ausdauer fir, dass Geschicht vun der Pompjeeswelt kann demnächst do erzielt ginn. Och de Buergermeeschter Frank Arndt huet den Akteuren an den Sponsoren Merci gesot fir die Initiative déi hei un den Daag geluegt guff an huet och all Höllef vun der Gemeng ugebueden wa sie gebräicht giff ginn. Ofgeschloss guff dëss sympatisch Feier bei engem Patt an engem Maufel, iwerdeems jiddfereen sech un Hand vun enger Powerpointpräsentatioun sech iwert de Verlaaf vun den Aarbechten vun Ufank un iwerzege konnt.