Heigen Besuch am Pompjeesmusée

Den Dënscheg, den 07. Februar 2023 war heige Besuch am Pompjeesmusée vum Pompjeesverband ugesot. S.A.R. de Grand-Duc héritier Prënz Guillaume war op Visite am Pompjeesmusée. Nodem de Prënz Guillaume vum Buergermeeschter vun der Stadt Wooltz dem Frank Arndt, dem Präsident vum Lëtzbuerger Pompjeesverband Marc Mamer an dem Präsident vun den "Frënn vum Pompjeesmusée an der Géitz" dem Patrick Juncker begréisst guff huet de P.Juncker an der Entrée Erklärungen zur Entstehung a dem Finanzement vum Pompjeesmusée ginn ier hien Villes iwert Protection Civile ze zielen haat.No der Präsentatioun vun de Memberen vun der Ekipp vum Musée ass Méiglechkeet genotzt ginn fir dem heige Gaascht vill Infoen an Détailler iwert Pompjeeswiesen vu fréier bis haut konnte ze gin an dat während dem Rondgang duerch de Musée. Mat vill Interessi huet de Prënz Guillaume die ganz Ausstellung op sech awierke gelooss, huet der Ekipp ee grousse BRAVO fir die geleeschten Arbecht gesot a ganz härzlich félicitéiert, dass den Homage un Pompjeeën vu fréier bis haut hei am Musée op eng flott Art a Weis de Léit méi no bruecht gëtt. Dess Visite geht secherlech an Geschicht vum Lëtzebuerger Pompjeesmusée an . Villmols MERCI Monseigneur! ( Fotoen Ben Majerus )