Scheckiwerreeschung am Pompjeesmusée vum Pompjeesverband

Scheckiwwerreeschung Pompjeesmusée vum Pompjeesverband

De Freiden 26. November 2021 huet sech eng Delegatioun vun der Amicale vun de Pompjeeën vum fréiere Kantonalverband Reiden op de Wee op Woltz gemach fir dem Pompjeemusée e Besuch ozestatten an dëst aus engem erfreelechen Grond.

Duerch den Ëmstand, dass Amicale aus dem freiere Kantonalverband Reiden sech aus Mangel un Interessi ofgeléist huet, huet de Gérant vum Pompjeesmusée ( Frënn vum Pompjeesmusée an der Géitz ) e Scheck am Wert vun 7.500 € an Empfang konnten huelen a kruuten och hiere Pompjeessprangcamion iwwerschriwen. Dee kann also ab 2022 fir Fester am Musée reservéiert ginn.

De Patrick Juncker ass a senger Ried op d’Entstehung vum Musée agaangen, dobäi huet hien d’Wichtegkeet vu Spende virgehuewen, déi et dem Musée erméiglechen seng laafend Käschten ze decken a verschidden Restauratiounen un aalem Material duerchzeféieren.

No der Scheckiwwerreeschung huet d’Amicale vun de Pompjeeën vum Kanton Réiden nach op e gemeinsamt Owendiessen am Hotel des Tanneries agelueden, wou den Owend a gemitlecher Ronn ausklenge gelooss gin ass.

( Text: P.Muller / Foto G.Conter )