Ee Gefier fir den zukünftige Pompjesmusée vum Lëtzebuerger Pompjeesverband.

Säit e puer Méint schaffen e puer Idealisten am aalen Pompjeesbau „an der Géitz“ zu Nidderwooltz. Hei entsteht den Pompjeesmusée vum Lëtzebuerger Pompjeesverband. An dësëm Gebäi waren bis 1989 Pompjeeen vu Nidderwooltz ënnerbruecht ier sie dunn mat de Kollegen vun Uewerwooltz eng Fusioun gemach hunn an hiert Gebäi verlooss hunn. Mat der Matarbecht vun ville Sponsoren ass et meigleich dest Gebäi ze sanéieren fir duerno Geschicht vun de Pompjeeën vu fréier bis haut doranner ze erziehlen. De Pompjeesverband huet dësër Deeg dann ee Gefier kritt, wat hinnen et erméigecht Material an alles wat nach an der Zukunft gebraucht gett, ze transportéieren. Partner heibäi sinn de Garage MERBAG vu Leideleng an Ateliers Dostert vu Bissen. E grousse Merci!