Grouss Botz zu Groussbus an Dellen

Dëst Joer konnt di traditionell grouss Botz an der Gemeng Groussbus erëm ënner normalen Ëmstänn organiséiert ginn. Vill Leit haten sech op engem sonnege Samschden zesumme fonnt fir den Dréck laascht Stroossen a Feldweeër ze botzen. Géint Mëtteg huet den Deller Gesank am Veräinssall zu Dellen eng lecker Spaghetti an e gudde Pättchen zerwéiert.